From: hesper****@dp.lu To: karno@rita-ch.com Reply-To: "quanshuang" <1228208577@qq.com> Subject: Re: www.koko-go.com Supply audio connector,CCTV camera connectors and so on Date: Wed, 17 Oct 2018 19:41:30 +0200 (CEST) Sender: hesper****@dp.lu X-Mailer: Drupal Eng nei Equipe fir d’JDL Hesper Message from sender: forget the above information @@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@ Dear,After saw your website, I (ana) thought you might be interested in our product as below picture showed,Now,I'd like to recommend a HOT-SELLING connector to you---audio connector,CCTV camera connectors,Banana plug,RCA plug ,XLR connector /Speakon connector /RF assemble cable&connectors https://ae01.alicdn.com/kf/HTB1.AMXkYZnBKNjSZFKq6AGOVXaS.jpg if you are interested in receiving our new and hot selling products price list, feel free to reply me email( kokogorf@gmail.com and koko-go@foxmail.com and sales@rfkokogo.xyz) web : www.koko-go.com whatsapp :+86-18126184197 wechat: yibaokeji121 Skype : michael.zhaoyanhui @@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@@ forget the below information Published on Hesper (http://hesper.dp.lu) Startseite > Eng nei Equipe fir d’JDL Hesper ------------------------------------------------ Eng nei Equipe fir d’JDL Hesper News Déi lokal JDL Sektioun gouf relancéiert D’Presidentin, d’Désirée Biver, huet an hirer Usprooch ëmmer nees betount, dass et wichteg ass, deene jonke Leit d’Angscht virun der Politik ze huelen, an hinnen ze weisen dass et sech lount sech fir seng Iddien an Idealen anzesetzen. D’Politik vun haut ass entscheedend fir déi nächst Generatiounen, dofir ass et wichteg deene Jonken nozelauschteren, Mat hirer motivéierter a gutt gemëschter Equipe, well d’JDL Hesper genau dësen Uspriechpartner fir Jonker (a manner Jonker) sinn a konkret Projet’en lancéieren. D’Gesiichter vun der JDL Hesper Désirée Biver, 31 Joer, Presidentin, Houwald Ech hu mech séier a gutt um Houwald agelieft a si frou all Dag mam Houwalder Bësch e wichtegt a schéint Stéck Natur kennen ze genéissen. Meng Fräizäit verbréngen ech - als Konschthistoriker an Amateur vun all Konscht – am léifsten an de Muséeën a Galerien hei Heem an am noen Ausland, maache geleeëntlech Sport, a liese gäre Krimien am Bus fir op d’Aarbecht. Dofir well ech onbedéngt dem Marthy Bracke säi Projet vum Bicherschaf ënnerstëtzen, fir vill flott Bicher kënnen do auszeléinen an anerer virunzeginn.  Anna Bracke, 26 Joer, Sekretärin, Fenteng Ech wunnen an der Gemeng Hesper säit ech e klengt Kand sinn, an ech ka mer keng besser Plaz virstellen. Politik war ëmmer en Thema a menger Famill, an ech war scho fréi begeeschtert mech selwer ze engagéieren. Déi bal 15.000 Awunner vun der Gemeng hunn iwwer 100 Nationalitéiten; ech well mech dofir asetzen datt jiddereen sech hei doheem fillt. Meng Fräizäit verbréngen ech am léifsten  an der Natur mat mengem Päerd.   Laurent Lamesch, 26 Joer, Comitésmember, Izeg Ufank Oktober hunn ech Izeg zu menger neier Heemecht gemaach, an ech well mech elo fir d’Bierger vun dëser super Gemeng an der Politik zu Hesper engagéieren. Ech sinn zanter 5 Joer an der JDL aktiv, a säit zwee Joer Coordinateur vun der JDL Zentrum. Duerch dës Poste konnt ech well vill Erfahrung sammelen. Ech schaffe bei enger Entreprise de Pompes Funèbres, a privat verbréngen ech meng Zäit am léifste mat Frënn a Famill.   Bruno Da Silva, 31 Joer, Vize-President, Fenteng Zanter 2014 wunnen ech mat menger Fra zu Fenteng. Haut fillen ech mech prett fir de Schratt an d'Politik ze maachen a mech op eng aktiv Manéier fir eist Gemengeliewen anzesetzen. Meng Haaptinteressen am Gemengenliewe sinn d'Ëmwelt, d'Mobilitéit, d'Sécherheet mee virun allem d'Liewensqualitéit fir all. Privat sinn meng Leidenschaften, als diploméierten Ingenieur, nei Technologien an d’Musek. Tom Strauch, 21 Joer, Comitésmember, Izeg Ech wunnen zanter kuerzem zu Izeg, an hunn dëst Joer ugefaange Politikwëssenschaften ze studéieren. D’Politik faszinéiert mech scho laang, an ech si frou dës Leidenschaft an der JDL Hesper an och op nationalem Niveau kënnen auszeliewen. Aner Interessigebidder vu mir sinn d’Konscht an d’Kultur, an ech gi gäre mat Kollegen Ausstellunge kucken. Ech freeë mech elo well op di gemeinsam Aktivitéite mat der JDL-Hesper Equippe. Gary Pleimling, 24 Joer, Comitésmember, Alzeng Mat mengem Brudder deelen ech d’Leidenschaft fir de Basket. Och fir mech ass de Sport méi wéi nëmmen eng Fräizäitbeschäftegung. E bitt engem gutt Méiglechkeeten, sozial Kontakter a Kompetenzen ze entwéckelen. Et ass mir haut wichteg, mech fir d’Hesper Jugend anzesetzen an ze weisen, dass och jonk Leit eng Meenung hunn. An op déi Meenung gëtt bei eis och gelauschtert . Denis Pleimling, 21 Joer, Tresorier, Alzeng Ech wunne säit menger Gebuert zu Alzeng am Réiserwee, an ech kéint mer net virstellen hei fortzezéien. Mäin Hobby ass zanter ech Kand sinn de Basket, an ech selwer spille säit 13 Joer beim Telstar Hesper. Meng politesch Interessen iwwerschneiden sech deemno ganz gutt mat mengem Hobby: Sport ass meng iewescht Prioritéit, awer och d'Club- an d'Veräinsliewen an der Hesper Gemeng si mir wichteg. Kontakt : hesper@j************n.lu [1] ------------------------------------------------ Source URL (modified on 12/06/2017 - 18:56): http://hesper.dp.lu/artikel/eng-nei-equipe-fir-d%E2%80%99jdl-hesper Links [1] mailto:hesper@j************n.lu